Sojus MS-02
Sojus MS-02 | |
---|---|
Raumschëff | Sojus 7K-MS Seriennummer 732 |
Mass | ? |
Drorakéit | Sojus FG |
Crew | 3 |
Start | 19. Oktober 2016, 08:05 UTC |
Startplaz | Baikonur LC-31/6 |
Statioun | ISS |
Station Undockmodul | Poisk |
Ukopplung | 21. Oktober 2016, 09:59 UTC |
Dauer | |
Landung | 10. Abrëll 2017 (geplangt) |
Landeplaz | Kasachstan |
Bunnschréi | 51,6° |
Sojus MS-02 ass d'Missiounsbezeechnung fir e Fluch vum russesche Raumschëff Sojus-MS op d'International Raumstatioun. Am Kader vum ISS-Programm huet de Fluch d'Bezeechnung ISS AF-48S. Et ass den 48. Fluch vun engem Sojus-Raumschëff op d'ISS an den 154. am Sojusprogramm.
Crew
[änneren | Quelltext änneren]Haaptcrew
[änneren | Quelltext änneren]- Sergei Nikolajewitsch Ryjikow (1. Raumfluch), Kommandant (Russland/Roskosmos)
- Andrei Iwanowitsch Borissenko (2. Raumfluch), Bordingenieur (Russland/Roskosmos)
- Robert Shane Kimbrough (2. Raumfluch), Bordingenieur (USA/NASA)
Ersatzcrew
[änneren | Quelltext änneren]- Alexander Alexandrowitsch Missurkin (2. Raumfluch), Kommandant (Russland/Roskosmos)
- Nikolai Wladimirowitsch Tichonow (1. Raumfluch), Bordingenieur (Russland/Roskosmos)
- Mark Vande Hei (1. Raumfluch), Bordingenieur (USA/NASA)
Missiounsbeschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]D'Missioun bréngt dräi Crewmembere vun der ISS-Expeditioun 49 a 50 op d'International Raumstatioun.
Et ass den zweeten Asaz vum weiderentwéckelte Sojus-MS-Raumschëff. Et ënnerscheet sech vun der fréierer Versioun ënner anerem duerch dat neit Kopplungssystem Kurs-NA.[1] Fir déi nei Systemer ze testen, dauert de Fluch op d'ISS zwéin Deeg.
De 17. September 2016 hat Roskosmos bekannt ginn, datt sech de Start aus "technesche Grënn no Tester um Kosmodrom Baikonur" verréckelt huet. Industriequellen no soll e Kuerzschluss bei Tester vum moderniséierte Raumschëff mat der ugedockter Sojus-Drorakéit opgetruede sinn. Neie Starttermin war den 19. Oktober 2016.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Sojus MS-02 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ FliegerRevue Abrëll 2014, S. 9, Modern Sojus a Progress-Kapselen