Physiker
Dëse Physiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Physiker ass eng Beruffsbezeechnung fir Wëssenschaftler, déi sech mat der Physik beschäftegen.
Beruffsfeld
[änneren | Quelltext änneren]Physiker (Diplom-Physiker) hunn e variéiert Beruffsfeld: si léisen Aufgaben an der Grondlagen- an Industriefuerschung, Entwécklung, Produktioun, Berodung, Organisatioun a Verwaltung, am Marketing, am Ëffentlechen Déngscht an an der Léier op Schoulen an Héichschoulen. Dobäi schaffe si mat Methoden wéi: theoreetesch, experimentell an applizéiert Physik.
An der Reegel si s'op ee Spezialgebitt orientéiert, wéi zum Beispill Kärphysik an Elementardeelerchersphysik, Atom-, Héichenergiephysik a Molekularphysik, Clusterphysik, Festkierperphysik, Hydrodynamik, Aerodynamik, Stréimungsléier, Thermodynamik, Optik, Akustik, Elektrodynamik, Plasmaphysik an Déiftemperaturphysik, Astrophysik, Extraterrestresch Physik, Biophysik.
Diplom-Physiker schaffen an der Fuerschung a ginn hir Léier weider op den Héichschoulen. Si sinn an der Fuerschung an an der Entwécklung vun Entreprisen a bal alle Branchen aktiv, zum Beispill am Maschinnen- oder Gefierbau, an der Radio-, an Noriichtentechnik, der Medezin-, der Mooss-, Steier- a Reegelungstechnik, der Energieschafung an -verdeelung oder an der Cheemescher Industrie.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Die großen Physiker, 2 Bde.: Von Aristoteles bis Kelvin; Von Maxwell bis Gell-Mann. Hrsg. v. Karl von Meyenn. 1997, ISBN 3-406-41151-7
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Physiker – Biller, Videoen oder Audiodateien |