Mars Orbiter Mission
Ausgesinn
Mars Orbiter Mission | |
---|---|
Typ | Marssond |
Land | Indien |
Agentur | ISRO |
Zil | Mars |
Startmass | ongeféier 500 kg |
Start | 5. November 2013, 09:08 UTC |
Startplaz | Satish Dhawan Space Centre, Indien |
Drorakéit | PLSV C-25 |
Status | aktiv |
D'Mars Orbiter Mission (MOM), inoffiziell an de Medien och Mangalyaan (Hindi:मंगलयान - Mars-Reesenden) genannt, ass eng Raumsond vun der indescher Raumfaartagentur ISRO, déi mat enger PSLV-Rakéit op de Wee zum Mars gestart gouf.
Missioun
[änneren | Quelltext änneren]De Start war de 5. November 2013 um 9:08 UTC. De 26. November 2013 soll d'Sond den Äerdorbit verloossen, fir dann den 22. September 2014 de Mars z'erreechen a fir dann an e staark ellipteschen Orbit mat 500 × 80.000 km anzeschwenken. Déi indesch ISRO wier domat déi véiert Weltraumorganisatioun, déi no der Sowjetunion, den USA an Europa eng Sond op de Mars geschéckt hätt. Haaptaufgab vun der Missioun ass, d'Sond erfollegräich op de Mars ze bréngen.
Instrumenter
[änneren | Quelltext änneren]Déi 15 kg Notzlaascht gliddert sech op a 5 Instrumenter:
- Mars Exospheric Neutral Composition Analyzer (MENCA) – Atmosphärenanalys
- Methane Sensor For Mars (MSM) – Atmosphärenanalys
- Mars Color Camera (MCC) – Faarfkamera
- Probe For Infrared Spectroscopy for Mars (PRISM) – Infraroutkamera
- Lyman-alpha photometer – Fir d'Miessung vun atomarem Waasserstoff an der Marsatmosphär
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Mars Orbiter Mission – Biller, Videoen oder Audiodateien |