Lucien Petit-Breton
Lucien Petit-Breton | |
---|---|
Gebuertsnumm | Lucien Georges Mazan |
Gebuer |
18. Oktober 1882 Plessé |
Gestuerwen |
20. Dezember 1917 Troyes |
Doudesursaach | Verkéiersaccident |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Vëlossportler |
Veräin/Ekipp | Automoto |
Huet matgemaach bei | Tour de France 1905, Tour de France 1906, Tour de France 1907, Tour de France 1908, Giro d'Italia 1911, Paris-Menin |
De Lucien Mazan, genannt Lucien Petit-Breton, gebuer den 18. Oktober 1882 zu Plessé an der Loire-Inférieure, a gestuerwen den 20. Dezember 1917 zu Troyes, war e franséische Vëlossportler an Tour de France-Gewënner.
Biographie
[änneren | Quelltext änneren]Dem Lucien säi Papp war an Argentinien ausgewandert. De Lucien huet zu Buenos Aires fir d'éischt bei Kompetitioune matgemaach a seng Succèsen hunn him de Spëtznumm El Breton abruecht, deen hien och bäigehalen huet fir seng sportlech Aktivitéite viru sengem Papp, deen net ganz begeeschtert vum Vëlossport war, ze verstoppen.
Nodeem hien a Frankräich zeréckkomm war fir säi Militärdéngscht ze maachen huet hien eng professionell Vëloscarrière ugefaangen. Well nach en anere Coureur Breton geheescht huet, huet hien de Pseudonym Petit-Breton ugeholl, an deen Numm och spéider u säi Bouf weiderginn. Hie gëtt an de Cyclistekreesser awer och nach dacks l'Argentin genannt.
Hie fänkt seng Karriär 1902 bei de Profien un a gewënnt 1904 op der Pist de Bol d'Or. Dat Joer duerno stellt hien zu Paräis um Buffalo Vëlodrome en neie Stonneweltrekord op mat enger Moyenne vun 41,110 km. Duerno gewënnt hien 1906 Paris-Tours, 1907 déi éischt Editioun vu Milano-Sanremo, an zweemol den Tour de France (1907 an 1908), woubäi hien 1907 zwou Etappe gewënnt an 1908 fënnef Stéck.
De Lucien Petit-Breton war den éischte Coureur deen den Tour zweemol hannernee gewonnen huet.
Hie bleift bis 1914 an der Course a gëtt dat Joer no néng Etappen op. Den Éischte Weltkrich mécht senger Karriär en Enn.
Hie stierft un der Front 1917 an engem Autosaccident.
Seng zwéi Bridder de Paul an den Anselme waren och gutt Vëlossportler, grad sou wéi säi Bouf den Yves Petit-Breton deen am Tour vun 1948 Sportsdirekter vun der Ekipp de l'Ouest war.
2004 gouf hien an d'Lëscht vun de Gloires du sport opgeholl.
Palmarès
[änneren | Quelltext änneren]- 2. am Bol d'Or
- 1. am Bol d'Or: 852 km a 24 Stonnen
- Stonneweltrekord: 41,110 km um Buffalo Vëlodrome zu Paräis
- Weltrekord op 20 km: 28' 59" 4
- Weltrekord op 10 km: 14' 04" 4 (1905)
- 1. bei Paris-Tours
- 1. am Tour de France: 1907, 1908
- 1. a Milano-Sanremo
- 2. a Paris - Hedin
- 1. am Tour de France
- 1. am Paris-Bruxelles
- 1. am Tour de Belgique (e gewënnt 4 Etappen)
- 1. am Tour de Catalogne
- 1. am Tour de Tarragone
- 1. am Buffalo-Cup
- 3. an der franséischer Stroosseweltmeeschterschaft
- 2. bei Bordeaux-Paris
- 3. bei Paris-Tours
- 3. bei Paris-Menin
Resultater am Tour de France
[änneren | Quelltext änneren]- Tour de France 1905: 5. am Generalklassement
- Tour de France 1906: 4. am Generalklassement
- Tour de France 1907: 1. am Generalklassement
- Tour de France 1908: 1. am Generalklassement
- Tour de France 1910: Opginn an der 7. Etapp
- Tour de France 1911: Opginn an der 1. Etapp
- Tour de France 1912: Opginn an der 2. Etapp
- Tour de France 1913: Opginn an der 14. Etapp
- Tour de France 1914: Opginn an der 9. Etapp
Resultater am Giro d'Italia
[änneren | Quelltext änneren]- Giro d'Italia 1910: Opginn
- Giro d'Italia 1911: Opginn 1 Etapp gewonnen