Eurovision Song Contest 1958
3. Eurovision Song Contest | |
---|---|
Datum | 12. Mäerz 1958 |
Stad | Hilversum (Holland) |
Gebai | AVRO Studios |
Gewënner | André Claveau (Frankräich) |
Zuel vu Länner | 10 |
Nei Participatiounen | Schweden |
Moderatioun | Hannie Lips |
Interval Act | Het Metropole |
Ofstëmmungsreegel | A jiddwer Land souzen zéng Jurymemberen. Jiddwer Member huet mat engem Punkt fir een Titel ofgestëmmt. |
Den 3. Eurovision Song Contest (offiziell de Grand Prix Eurovision de la Chanson Européenne), war den 12. Mäerz 1958 an Holland. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dëst Joer an den AVRO Studios zu Hilversum. Moderatorin war d'Hannie Lips. Eng nei Natioun, Schweden, ass derbäikomm. Groussbritannien huet awer dëst Joer net matgemaach, dofir ass d'Gesamtzuel vun de Länner d'selwecht bliwwe wéi dat Joer virdrun.
1958 huet et sech agebiergert datt de Grand Prix ëmmer soll an deem Land ofgehale ginn dat am Joer virdru gewonnen hat.
D'Gewënnerinne vun de Virjoren, d'Lys Assia an d'Corry Brokken hunn 1958 och nees matgemaach. Fir Däitschland ass fir d'zweet Kéier d'Margot Hielscher ugetrueden.
D'Ofstëmmung gouf gemaach wéi dat Joer virdrun: An all Land souzen 10 Jurysmemberen, déi jeeweils eng Stëmm ze verginn haten. D'Resultater goufen telefonesch an ëffentlech op Hilversum iwwermëttelt.
Déi éischt Plaz krut de Vertrieder vu Frankräich André Claveau mat 3 Punkte Virsprong virum Lys Assia (Schwäiz). Déi drëtt Plaz krut den Domenico Modugno, dee fir Italien ugetruede war.
Klassement
[änneren | Quelltext änneren]Plaz | Land | Interpret | Titel | Punkten |
---|---|---|---|---|
1. | Frankräich | André Claveau | Dors, mon amour | 27 |
2. | Schwäiz | Lys Assia | Giorgio | 24 |
3. | Italien | Domenico Modugno | Nel blu dipinto di blu | 13 |
4. | Schweden | Alice Babs | Lilla stjärna | 10 |
5. | Belsch | Fud Leclerc | Ma petite chatte | 8 |
5. | Éisträich | Liane Augustin | Die ganze Welt braucht Liebe | 8 |
7. | Däitschland | Margot Hielscher | Für zwei Groschen Musik | 5 |
8. | Dänemark | Raquel Rastenni | Jeg rev et blad ud af min dagbog | 3 |
9. | Holland | Corry Brokken | Heel de wereld | 1 |
9. | Lëtzebuerg | Solange Berry | Un grand amour | 1 |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Frankfurt um Main (Däitschland) | Cannes (frankräich) | |
---|---|---|
ESC 1957 | Eurovision Song Contest | ESC 1959 |