EuroLeague
Ausgesinn
D'EuroLeague ass eng Coupe-Meeschterschaft fir Basketball-Veräiner fir Hären, déi vun der Euroleague Basketball organiséiert gëtt.
D'EuroLeague heescht zanter der Saison 2010-2011 no hirem Sponsor offiziell Turkish Airlines EuroLeague.
Et gëtt se zanter der Saison 2000/01, wéi 24 Ekippen der FIBA de Réck gedréint hunn an selwer e Championnat organiséiert hunn. Dat Joer drop hunn 32 Ekippe matgemaach, 2002 war en et der nëmmen nach 24.
Spillmodus
[änneren | Quelltext änneren]De Concours leeft an dräi Phasen of:
- Gruppephas – Regulär Saison: An der éischter Phas spillen déi 18 Ekippen an enger Grupp a jee engem Aller- an engem Retourmatch géinteneen. Déi aacht bescht qualifizéiere sech fir dei nächst Phas.
- Playoffs: An engem "Best of Five" Modus spillen déi aacht Ekippen véier Matcher. Déi véier Gewënner qualifizéiere sech fir d'Halleffinallen.
- Final-Four-Turnier: Déi zwéi Matcher vun den Halleffinallen, an d'Finall mat den zwee gewënner doraus, sinn op engem Weekend.
Finallen zanter 2001
[änneren | Quelltext änneren]* 2001 gouf et keng Finall.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: ULEB Euroleague – Biller, Videoen oder Audiodateien |