Erkanfrida
Ausgesinn
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Erkanfrida | |
---|---|
Gestuerwen | 9. Joerhonnert jul. |
Famill | |
Bestuet mat | Nithard |
D'Erkanfrida war Gräfin vu Loutrengen an huet am 9. Joerhonnert gelieft. Si war mam Nithard, Grof vun Tréier an éischte Schlasshär vu Miersch, bestuet. Hiert Testament vum 1. Abrëll 853[1] ass den eelste Mierscher Akt[2]. Nom Doud vun hirem Mann géint 843 ass si an ee Klouschter zu Tréier agetrueden[3].
No hir benannt
[änneren | Quelltext änneren]Zu Miersch ass eng Strooss no hir benannt: d'Rue Erkanfrida.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Omont Henri, Testament d'Erkanfrida, veuve du comte Nithadus de Trèves (853); in: Bibliothèque de l'école des chartes, 1891, tome 52. pp. 573–577.
- Sauerland H. V., Das Testament der lothringischen Gräfin Erkanfrida, Jahrbuch der Gesellschaft für lothringische Geschichte und Altertumskunde, 6, 1894, p. 288-292, et 8, 1, 1896, p. 205-234.
- Waitz G., Testament der Erkanfrida (um 860), Forschungen zur Deutschen Geschichte, 18, 1878, p. 182-184.