Erinome (Mound)
Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2000 J 4 |
---|---|
Zentralkierper | Jupiter |
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 23.279.000 km |
Periapsis | 17.087.000 km |
Apoapsis | 29.471.000 km |
Exzentrizitéit | 0,266 |
Ëmlafzäit | 728,30 Deeg |
Ëmlafvitess | 2,32 km/s |
Inklinatioun | 164,90° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | ≈ 3 km |
Dicht | 2,6 g/cm3 |
Albedo | 0,04 |
Visuell Magnitude (mag) | 22,8 |
Entdeckung | |
Entdecker | IFA Hawaii |
Entdeckungsdatum | 23. November 2000 |
De Mound Erinome (oder Jupiter XXV) ass ee vun de klenge baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]Den Erinome gouf den 23. November 2000 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Ufanks krut de Mound déi virleefeg Bezeechnung S/2000 J 4.
De Mound gouf no der Erinome aus der griichescher Mythologie, der Duechter vum Celes genannt.
Bunndaten
[änneren | Quelltext änneren]Den Erinome kreest a 728 Deeg, 12 Stonnen a 14 Minutten op enger mëttlerer Distanz vun 23.196.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2665. Mat enger Inklinatioun vun 164,934° ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Erinome zu der Carme-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Carme.
Physikalesch Daten
[änneren | Quelltext änneren]Den Erinome huet e mëttleren Duerchmiesser vun zirka 3 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. E besteet warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs. De Mound huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 22,8m.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- MPEC 2001-A28: S/2000 J 2, S/2000 J 3, S/2000 J 4, S/2000 J 5, S/2000 J 6 5. Januar 2001 (Entdeckung)
- MPEC 2001-W33: S/2000 J 4 20. November 2001 (Zeréckerentdeckung)