Op den Inhalt sprangen

Departement Allier

Vu Wikipedia
Allier (03)
Regioun Auvergne-Rhône-Alpes
Prefecture Moulins
Ënnerprefecture Montluçon
Vichy
Bevëlkerung 344 721 Aw.(1999)
Fläch 7 340 km²
Arrondissementer 3
Kantonen 19
Gemengen 318

Den Allier ass eent vun den 83 Departementer déi bei der franséischer Revolutioun de 14. Mäerz 1790 gegrënnt goufen.

D'Departement läit am Norde vum Massif central. Am Südoste stéisst d'Departement un d'Monts de la Madelaine, de westlechen Deel vun de Koppe vun der Montagne bourbonnaise. Am Süde läit déi fruchtbar Limagne boubonnaise déi no Norden an déi méi aarm Biedem vun der Sologne bourbonnaise iwwergeet. Am Weste läit d'Combraille an de Bocage boubonnais. Akerbau a Véizuucht sinn d'Haaptaktivitéiten am Departement. E puer industriell Betriber hate sech am klenge Kuelebaseng ëm Commentry a Montluçon néiergelooss, (Pneuëproduktion, Metallatelieren, Schmelzen) wovun un déi meescht haut nach just Stroossennimm oder Nimm vu Quartieren erënneren.

E puer grouss Flëss déi bal all hir Quellen an den Nopeschdepartementer hunn, lafe vu Süden no Norden durch den Allier. Sou kommen aus dem Puy-de-Dôme de Cher am Weste vum Departement, den Allier mat den Nieweflëss Bouble a Sioule an der Mëtt, an am Osten d'Besbre. Aus dem Departement Saône-et-Loire kënnt d'Loire déi och d'Grenz tëscht deenen zwee Departementer mécht. Den eenzeg gréissere Floss dee seng Quell am Departement huet ass d'Aumance déi hir Quell an der Gemeng Rocles op enger Héicht vu 425 m huet.

Duerch Departement lafen och nach dräi Waasserstroossen, an zwar de Canal latéral à la Loire, de Kanal vu Roanne op Digoin an de Canal du Berry.

D'Geschicht vum Allier ass enk verbonne mat där vum fréieren Herzogtum Bourbon op deem sengem Territoire e bal ganz läit.

Am Zweete Weltkrich hat dem Marschall Pétain seng Regierung sech do installéiert an doduerch gouf Vichy eng Ënnerprefecture.

Commons: Allier – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]