Bundeskanzler (Däitschland)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Bundeskanzler vun Däitschland. Fir aner Funktioune mat deem Titel, kuckt wgl. Bundeskanzler. |
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Logo vum Bundeskanzler |
D'Gebai vum Bundeskanzleramt zu Berlin. |
De Bundeskanzler ass de Regierungschef vun der Bundesrepublik Däitschland. De Bundeskanzler an d'Bundesministere bilden zesummen déi däitsch Bundesregierung. Der Verfassung no leet de Bundeskanzler d'Richtlinne vun der Politik fest. An der Praxis muss de Bundeskanzler sech allerdéngs un d'Virstellunge vu senger Partei an un déi vun de Koalitiounspartner halen.
De Bundeskanzler gëtt op Virschlag vum Bundespresident vum Bundestag gewielt, duerno vum Bundespresident ernannt a vum President vum Bundestag vereedegt. De Bundeskanzler proposéiert dem Bundespresident déi eenzel Bundesministeren; ouni dëse Virschlag kann de Bundespresident keen zum Minister ernennen. De Bundeskanzler ernennt ee vun de Bundesministeren zu sengem Stellvertrieder, deen och nach Vizekanzler genannt gëtt, ouni datt et dësen Titel awer offiziell gëtt.
De Bundeskanzler huet säi Sëtz am Bundeskanzleramt. Dat aktuellt Gebai zu Berlin ass zanter 2001 a Betrib.
Aktuell ass den Olaf Scholz (SPD) däitsche Bundeskanzler. Hie gouf den 8. Dezember 2021 zum néngte Bundeskanzler vun Däitschland gewielt an duerno vum Bundespresident ernannt. Hie steet un der Spëtzt vun enger Koalitioun aus der SPD, dem Bündnis 90/Die Grünen an der FDP.
Nr. | Bild | Numm (Gebuerts a Doudesdatum) | Partei | vun | bis | Dauer vun der Amtszäit |
---|---|---|---|---|---|---|
1 | Konrad Adenauer (1876–1967) | CDU | 15.09.1949 | 16.10.1963 | 14 Joer, 1 Mount, 1 Dag
(5.144 Deeg) | |
2 | Ludwig Erhard (1897–1977) | CDU | 16.10.1963 | 01.12.1966 | 3 Joer, 1 Mount, 15 Deeg
(1.142 Deeg) | |
3 | Kurt Georg Kiesinger (1904–1988) | CDU | 01.12.1966 | 21.10.1969 | 2 Joer, 10 Méint, 20 Deeg
(1.055 Deeg) | |
4 | Willy Brandt (1913–1992) | SPD | 21.10.1969 | 07.05.1974 | 4 Joer, 6 Méint, 16 Deeg
(1.659 Deeg) | |
- | Walter Scheel (kommissaresch)[1] (1919–2016) | FDP | 07.05.1974 | 16.05.1974 | 9 Deeg | |
5 | Helmut Schmidt (1918–2015) | SPD | 16.05.1974 | 01.10.1982 | 8 Joer, 4 Méint, 15 Deeg
(3.060 Deeg) | |
6 | Helmut Kohl (1930–2017) | CDU | 01.10.1982 | 27.10.1998 | 16 Joer, 26 Deeg
(5.870 Deeg) | |
7 | Gerhard Schröder (* 1944) | SPD | 27.10.1998 | 22.11.2005 | 7 Joer, 26 Deeg
(2.583 Deeg) | |
8 | Angela Merkel (* 1954) | CDU | 22.11.2005 | 08.12.2021 | 16 Joer, 16 Deeg
(5.860 Deeg) | |
9 | Olaf Scholz (* 1958) | SPD | 08.12.2021 | am Amt |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Well de Willy Brandt de Bundespresident Gustav Heinemann gefrot hat fir net mat der Weiderféierung vun de Geschäfter beoptraagt ze ginn, wéi dat am Fong vum Artikel 69, Absaz 3 vun der Verfassung virgesinn ass, ass op d'Demande vum Bundespresident de Walter Scheel, dee bis dohi Vizekanzler war, mat där Aufgab beoptraagt ginn
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Bundeskanzler – Biller, Videoen oder Audiodateien |