Op den Inhalt sprangen

Bergen (Norwegen)

Vu Wikipedia
Bergen
Land Norwegen
Regioun: Hordaland
Distrikt: Midhordland
Koordinaten: 60° 23’ 18’’ N
      05° 20’ 07’’ O
Fläch: 465 km²
Awunner: 239.209 (2005)
Bevëlkerungsdicht: 534 / km²
Héicht: 1 m
Buergermeeschter: Herman Friele

Bergen, [ˈbærgən], ass, no der Haaptstad Oslo, déi zweetgréisst Stad an Norwegen. Bergen zielt 250.000 Awunner an ass den Ausgangspunkt vun Toure mat der Bergener Biergbunn a vu Schëffsausflich an d'Fjorde mat den Hurtigruten-Schëffsverbindungen, déi zanter méi wéi 100 Joer bestinn, a 34 Stied op der Westküst vun Norwege verbannen).

Déi al Stad, mat hiren hëlze Gebaier am Wikingerstil, erënnert un d'Zäit wéi d'Stad eng Hansestad war. Bergen huet e Mierhafen, eng Werftindustrie an eng bedeitend Universitéit, déi op d'Mieresbiologie an op d'Geologie ausgeriicht ass. D'Norwegesch Handelshéichschoul (NHH), déi iwwer Norwegen eraus bekannt ass, huet och zu Bergen hire Sëtz.

Kuriositéitshalber sief ernimmt, datt Bergen als déi Stad vun der Welt bekannt ass, wou et am meeschte reent ("300 Deeg am Joer, de Rescht vum Joer schneit et", wéi gesot gëtt).

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
Holzhaus am Quartier Bryggen
  • d'Bryggen-Véirel, en Deel vun der Stad Bergen, direkt beim Hafen, wou fréier zur Hanse-Zäit d'Händler hir Büroen haten, an an deem déi al Haiser, meeschtens aus Holz, erhale bliwwe sinn.
  • d'Villa vum groussen norwegesche Museker Edvard Grieg zu Troldhaugen bei Bergen.
  • Grieghallen, Gebai a Säll fir Theater, Concerten a Congresser, am moderne Stil gehalen.
De Staddeel Brygge mat senge Gebaier am Mëttelalterstil
Commons: Bergen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Hafe vu Bergen mat Vue op d'Stad