1971
Ausgesinn
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1967 |
1968 |
1969 |
1970 |
1971
| 1972
| 1973
| 1974
| 1975
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1971.
D'Joer 1971 huet op engem Freideg ugefaangen.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]Europa
[änneren | Quelltext änneren]- : Mat der 2. FebruarRamsar-Konventioun iwwer de Schutz vu Fiichtgebitt trëtt eng vun den éischten internationalen Naturschutz-Ofkommessen a Kraaft.
- 15. Februar: Decimal Day am Vereenegte Kinnekräich: d'brittescht Pond gëtt ewell an 100 Pence agedeelt, aplaz an Ënnerdeelungen, déi bis an d'9. Joerhonnert zeréckginn.
- 25. Abrëll: De Franz Jonas (SPÖ) gëtt fir d'zweet zum éisträichesche Bundespresident gewielt.
- : An der 3. MeeDDR trëtt de Walter Ulbricht als Éischte Sekretär vum Zentralkommitee vun der SED zeréck, den Erich Honecker gëtt säin Nofollger.
- 10. Oktober: D'SPÖ mam Bundeskanzler Bruno Kreisky gëtt stäerkst Partei bei de Parlamentswalen an Éisträich.
- 20. Dezember: Médecins sans frontières gëtt gegrënnt.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- : Dat éischt Stéck 1. FebruarAutobunn am Land, tëscht dem Héichhhaus um Kierchbierg an dem Sennengerbierg gëtt a Betrib geholl.
- 12. Februar: De Bëschof vu Lëtzebuerg, de Mgr. Léon Lommel hält op. Nofollger gëtt de Mgr. Jean Hengen.
- Abrëll: Grousse Schülerstreik.
- 30. Abrëll: Leschte Film am Ciné de la Cour.
- : Éischte Rock-Open-Air-Concert zu Lëtzebuerg, am 6. JuniStade Achille-Hammerel, wou ë. a. Deep Purple optrieden.
- 14. Juni: Grënnung vun der Ligue luxembourgeoise pour la protection de la nature et de l'vnvironnement, kuerz Natura.
- 26. Juni: Fräibéier an alle 550 Caféë, wou Dikrecher Béier verzaapt gëtt: D'Dikrecher Brauerei feiert hiren 100. Gebuertsdag.
- : De 8. OktoberMonument national de la solidarité luxembourgeoise gëtt um Kanounenhiwwel an der Stad Lëtzebuerg ageweit.
Afrika
[änneren | Quelltext änneren]- 25. Januar: Den Idi Amin, Chef vun der Arméi, putscht sech am Uganda un d'Muecht.
- 27. Oktober: D'Demokratesch Republik Kongo gëtt an Zaire ëmbenannt.
Amerika
[änneren | Quelltext änneren]USA
[änneren | Quelltext änneren]Südamerika
[änneren | Quelltext änneren]Asien
[änneren | Quelltext änneren]- 12. Mäerz: Militärputsch an der Tierkei, d'Genereel Memduh Tağmaç an Nihat Erim kommen un d'Muecht.
- 26. Mäerz: Bangladesch gëtt onofhängeg vu Pakistan.
- 12. Oktober: Den Iran fänkt mat de Feierlechkeete fir säin 2500. Anniversaire vu sengem Bestoen ze feieren, un.
- : 7. JanuarAgent Orange, eng Chemikalie fir Blieder vun de Beem ze huelen, gëtt eng lescht Kéier vun engem Fliger aus versprëtzt.
- : Buedemtruppe vun der 8. FebruarSüdvietnameesescher Arméi starten d'Operatioun Lam Son 719, andeems s'an de Laos amarschéieren, fir esou den Approvisionnement vun den Nordvietnameesen iwwer den Ho-Chi-Minh-Pad ofzeschneiden.
- 13. Juni: D'New York Times fänkt dermat un, geheim Pentagon-Papers iwwer de Vietnamkrich ze publizéieren, déi beleeën, wéi schlecht d'Amerikaner do dru sinn.
Ozeanien & Pazifik
[änneren | Quelltext änneren]Arabesch Welt an Noen Osten
[änneren | Quelltext änneren]- : De 3. SeptemberKatar gëtt onofhängeg.
- 28. November: D'palestinensesch Terrorgrupp Schwaarze September ermuert de jordanesche Premierminister Wasfi Tell.
- : D'Emiraten 2. DezemberAbu Dhabi, Dubai, Schardscha, Adschman, Umm al-Qaiwain a Fudschaira ginn onofhängeg a grënnen d'Vereenegt Arabesch Emirater.
Konscht a Kultur
[änneren | Quelltext änneren]Molerei
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Edmond Dune, Remarques.
Musek
[änneren | Quelltext änneren]- : D' 3. AbrëllSéverine gewënnt fir Monaco mam Lidd Un banc, un arbre, une rue de 16. Eurovision Song Contest zu Dublin.
Economie
[änneren | Quelltext änneren]- 15. August: Den US-President Richard Nixon entkoppelt den US-Dollar vum Wäert vum Gold; Ufank vum Enn vum Bretton-Woods-System.
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]- 15. Januar: Den Assuan-Staudamm an Egypten gëtt ageweit.
- De Ray Tomlinson schéckt déi éischt E-Mail. Dobäi gëtt och d'@-Zeechen agefouert.
Raumfaart
[änneren | Quelltext änneren]- 19. Abrëll: D'Sowjetunioun start mat der Saljut 1 déi éischt Raumstatioun.
- : Dat sowjetescht Raumschëff 6. JuniSojus 11 start an dockt mat Succès un der Saljut 1 un.
- 29. Juni: D'Landung op der Äerd vun der Sojus 11 mëssléngt, déi dräi Mann Besatzung kommen ëm d'Liewen.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 24. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Rotterdam, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1972, 0:6 géint Holland.[1]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der 3. MäerzStad Lëtzebuerg 4:2 géint Däitschland. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Nico Braun, Josy Kirchens a Gilbert Dussier (2) geschoss.[2]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt zu 4. AbrëllEsch-Uelzecht, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Olympesch Summerspiller 1972, 1:0 géint Éisträich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Gilbert Dussier geschoss.[3]
- 24. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Gera, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1972, 1:2 géint d'DDR. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Gilbert Dussier geschoss.[4]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu 5. MeeGrieskirchen, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Olympesch Summerspiller 1972, 2:3 géint Éisträich. Déi zwéi Goler fir d'Lëtzebuerger huet den Dominique Di Genova geschoss.[5]
- 20. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:4 géint Belsch.[6]
- 30. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Marburg an der Lahn, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Olympesch Summerspiller 1972, 0:2 géint Éisträich.[7]
- : Den 6. JuliEddy Merckx gewënnt fir d'drëtt Kéier hannereneen den Tour de France.
- 15. August: Den Jackie Stewart gëtt Formel 1-Weltmeeschter.
- 10. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 1:0 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Pierrot Langers geschoss.[8]
- 27. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Podgorica, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1972, 0:0 géint Jugoslawien.[9]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu 7. NovemberVerviers 0:1 géint Belsch.[10]
- 17. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Eindhoven, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1972, 0:8 géint Holland.[11]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]- Tom Hermes, lëtzebuergesche Fotograf.
- Martin Uhrmacher, däitschen Historiker.
- : 2. JanuarMichel Wolter, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- : 7. JanuarJeremy Renner, US-amerikanesche Schauspiller.
- 11. Januar: Mary J. Blige, US-amerikanesch Sängerin.
- 17. Januar: Alain Wagner, lëtzebuergeschen Auteur.
- 21. Januar: Alex Reding, lëtzebuergesche Sculpteur a Galerist.
- 22. Januar: Ulric Wohl, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 29. Januar: Etienne Schneider, lëtzebuergeschen Ekonomist a Politiker.
- : 1. FebruarMichael C. Hall, US-amerikanesche Schauspiller.
- 16. Februar: Peggy Regenwetter, lëtzebuergesch Dëschtennisspillerin.
- 28. Februar: Vanessa Jopp, däitsch Regisseurin.
- : 2. MäerzMethod Man, US-amerikanesche Rapper a Schauspiller.
- 13. Mäerz: Georges Urwald, lëtzebuergesche Komponist a Museker.
- 21. Mäerz: Christine Schiltz, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 27. Mäerz: David Coulthard, F1-Pilot.
- 30. Mäerz: Werner Peters, däitsche Schauspiller.
- 10. Abrëll: Marc Hansen, lëtzebuergesche Politiker a Journalist.
- 12. Abrëll: Shannen Doherty, US-amerikanesch Schauspillerin an Aktivistin fir Déiererechter.
- 12. Abrëll: Myriam Muller, lëtzebuergesch Schauspillerin, Filmregisseurin an Dréibuchautorin.
- 14. Abrëll: Eugène Afrika, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 17. Abrëll: Guillaume Depardieu, franséische Schauspiller.
- : 6. MeeTill Brönner, däitschen Jazz-Trompettist, -Sänger a -Komponist.
- 28. Mee: Isabelle Carré, franséisch Schauspillerin.
- : 6. JuniClaudia Monti, lëtzebuergesch Juristin a Politikerin.
- : 8. JuniMike Herrmann, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 16. Juni: Tupac Shakur, US-amerikanesche Rapper.
- 17. Juni: Vera Weisgerber, lëtzebuergesch Kënschtlerin.
- 18. Juni: Alain Kinsch, lëtzebuergesche Wirtschaftspréiwer, Member vum Staatsrot.
- 21. Juni: Anette Olzon, schweedesch Musekerin a Sängerin.
- : 1. JuliBuket Alakuş, däitsch-tierkesch Filmregisseurin.
- : 5. JuliEstelle Alff, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 19. Juli: Vitali Klitschko, ukrainesche Boxer.
- 21. Juli: Charlotte Gainsbourg, franséisch Schauspillerin.
- 31. Juli: Raymonde Moes, lëtzebuergesch Karateka.
- : 4. AugustDelphine Zentout, franséisch Schauspillerin.
- : 5. AugustValdis Dombrovskis, lettesche Politiker.
- : 6. AugustLaurent Mignon, lëtzebuergeschen Orientalist a Schrëftsteller.
- 25. August: Gilberto Simoni, italieenesche Vëlossportler.
- : 3. SeptemberPeter Fox, däitsche Reggae- an Hip-Hop-Museker.
- 6. September: Dolores O'Riordan, iresch Sängerin.
- : 9. SeptemberPatrick Posing, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 15. September: Tamara Kapp, lëtzebuergesch Multimedia-Kënschtlerin.
- 18. September: Lance Armstrong, US-amerikanesche Vëlossportler.
- 21. September: Guy Krack, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
- 29. September: Annemarie Hastert, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
- : 2. OktoberXavier Naidoo, däitsche Sänger.
- 13. Oktober: Anne Michaux, lëtzebuergesch Fotografin.
- 13. Oktober: Marc Lamborelle, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 14. Oktober: Frédéric Guesdon, franséische Vëlossportler.
- 14. Oktober: Jyrki Katainen, finnesche Politiker.
- 23. Oktober: Deidre Du Bois, lëtzebuergesch-amerikanesch Juristin.
- 23. Oktober: Bohuslav Sobotka, tschechesche Politiker.
- 25. Oktober: Patrick Feyder, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 29. Oktober: Winona Ryder, US-amerikanesch Schauspillerin.
- : 8. NovemberFabienne Lentz, lëtzebuergesch Historikerin a Politikerin.
- 10. November: Holly Black, US-amerikanesch Fantasyautorin.
- 15. November: Frédéric Frenay, däitsche Schauspiller an Auteur.
- 27. November: Claude Meisch, lëtzebuergesche Politiker.
- 29. November: Claudine Adams, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- : 2. DezemberFrancis Kirps, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 15. Dezember: Milena Miconi, italieenesch Schauspillerin.
- 16. Dezember: Vito Marchione, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 19. Dezember: Monique Weis, lëtzebuergesch Historikerin.
- 25. Dezember: Justin Trudeau, kanadesche Politiker.
- 26. Dezember: Tom Bimmermann, lëtzebuergesche Komponist.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- : 1. JanuarBernard Fischer, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- 10. Januar: Coco Chanel, franséisch Moudendesignerin.
- 15. Januar: John Dall, US-amerikanesche Schauspiller.
- : 5. FebruarMátyás Rákosi, ungaresche Politiker.
- 11. Februar: Dominique Steichen, lëtzebuergesche Politiker.
- 13. Februar: Seth Holt, brittesche Filmregisseur.
- 26. Februar: Fernandel, franséische Schauspiller a Sänger.
- : 1. MäerzFrantišek Hrubín tschechesche Schrëftsteller an Dichter.
- : 7. MäerzÉmile Hamilius, Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg.
- : 8. MäerzHarold Lloyd, US-amerikanesche Schauspiller.
- 15. Mäerz: Jean-Baptiste Rock, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 21. Mäerz: Emile Molling, lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Ornitholog.
- : 6. AbrëllIgor Strawinsky, russesch-US-amerikanesche Komponist.
- : 2. AbrëllAlphonse Eichhorn, lëtzebuergesche Forstingenieur.
- Michel Wolff, lëtzebuergeschen Architekt. 6. Abrëll:
- 21. Abrëll: François Duvalier, haitianesche Politiker an Diktator.
- 25. Abrëll: Erich Engels, däitsche Filmregisseur.
- 11. Mäerz: Alex Boever, lëtzebuergeschen Ingenieur.
- : 1. MeeJängi Hopp, lëtzebuergesche Schauspiller.
- : 6. MeeHelene Weigel, däitsch Schauspillerin.
- 13. Mee: Hubert von Meyerinck, däitsche Schauspiller.
- 21. Mee: Roger Wolter, lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
- 24. Mee: Jean-Marie Funk, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
- 28. Mee: Audie Murphy, US-amerikaneschen Zaldot a Filmschauspiller.
- 30. Mee: Marcel Dupré, franséische Komponist, Organist, Musekstheoretiker an Editeur.
- : 4. JuniGeorg Lukács, ungaresche Philosoph, Literaturwëssenschaftler a -kritiker.
- : 7. JuniPierre Gansen, lëtzebuergesche Politiker.
- 10. Juni: Michael Rennie, englesche Schauspiller.
- 15. Juni: Wendell Meredith Stanley, US-amerikanesche (Bio)-Cheemiker a Virolog; Nobelpräisdréier.
- 28. Juni: Franz Stangl, éisträicheschen Nationalsozialist.
- : 3. JuliJim Morrison, US-amerikanesche Museker.
- : 4. JuliBernard Simminger, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- : 6. JuliLouis Armstrong, US-amerikaneschen Jazztrompettist a Sänger.
- 10. Juli: Joseph Relles, lëtzebuergesche Geometer a Lokalpolitiker.
- 21. Juli: Yrjö Väisälä, finneschen Astronom a Physiker.
- 23. Juli: Van Heflin, US-amerikanesche Schauspiller.
- 24. Juli: François Gangler, lëtzebuergeschen Architekt.
- 26. Juli: René Koltz, lëtzebuergeschen Dokter a Lokalpolitiker.
- : 1. AugustTony Biwer, lëtzebuergeschen Architekt.
- : 2. AugustLudwig Marcuse, Philosoph a Schrëftsteller.
- : 3. AugustGeorgij N. Babakin, sowjetesche Raumfaartingenieur.
- 15. August: Paul Lukas, ungaresch-US-amerikanesche Schauspiller.
- : 3. SeptemberAlphonse Neyens, lëtzebuergesche Politiker.
- 10. September: Pier Angeli, italieenesch Schauspillerin.
- 10. September: Bella Darvi, polnesch Filmschauspillerin.
- 11. September: Nikita Sergejewitsch Chruschtschow, sowjetesche Politiker.
- : 1. OktoberJos Hermes, lëtzebuergeschen Auteur a Resistenzler.
- Joseph Schroeder, lëtzebuergesche Politiker. 1. Oktober:
- 15. Oktober: Joseph Offenbach, däitsche Schauspiller.
- : 4. NovemberJoseph Witry, lëtzebuergesche Lepidopterolog a Botaniker.
- 14. November: Paul Klinger, däitsche Schauspiller.
- 18. November: Junior Parker, US-amerikanesche Blues-Museker.
- 26. November: Marcel Bourguignon, belschen Historiker.
- 12. Dezember: Frank Wolff, US-amerikanesche Schauspiller.
- 15. Dezember: Hary Trauffler, lëtzebuergeschen Theaterauteur an Editeur.
- 16. Dezember: Albert Lieven, däitsche Schauspiller.
- 23. Dezember: Michel Mertens, lëtzebuergesche Gewiichtshiewer.
- 23. Dezember: Livio Lorenzon, italieenesche Schauspiller.
- 26. Dezember: Joseph Helffrich, däitschen Astronom.
- 28. Dezember: Pierre Grach, lëtzebuergeschen Architekt.
- 31. Dezember: Hilaire Fettes, lëtzebuergesche Ringer an Olympionik.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 1971 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Holland-Lëtzebuerg de 24. Februar 1971 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Däitschland den 3. Mäerz 1971 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Éisträich de 4. Abrëll 1971 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch DDR-Lëtzebuerg de 24. Abrëll 1971 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Éisträich-Lëtzebuerg de 5. Mee 1971 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 20. Mee 1971 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Éisträich-Lëtzebuerg den 30. Mee 1971 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich den 10. Oktober 1971 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Jugoslawien-Lëtzebuerg de 27. Oktober 1971 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 7. November 1971 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Holland-Lëtzebuerg de 17. November 1971 op der Websäit vun European Football