Stéphanie Empain
Stéphanie Empain | |
---|---|
D'Stéphanie Empain am Juli 2018 | |
Gebuer |
11. August 1983 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Geschäftspersoun, Kuerzstreckeleefer |
Partei | déi gréng |
D'Stéphanie Empain, gebuer den 11. August 1983 an der Stad[1], ass eng lëtzebuergesch Geschäftsfra, fréier Sportlerin a Politikerin (Déi Gréng).
Si ass bestuet, huet zwee Kanner a wunnt zu Ierpeldeng[2].
Formatioun a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]D'Stéphanie Empain huet Politikwëssenschaft[2] studéiert a mat engem Master of Arts ofgeschloss. Si huet zwee Joer laang am État-major vun der Lëtzebuerger Arméi geschafft an duerno sechs Joer laang de Regionalen Tourismusbüro Éislek geleet[3].
Zënter 2015 ass si Beroderin fir de Gebrauch vu stoffe Wëndele fir Bëbeeën[4] an huet och e Geschäft mat ekologesche Produite fir Bëbeeën a Mammen[1].
Politesch Mandater
[änneren | Quelltext änneren]D'Stéphanie Empain war schonn eng Zäitche bei Déi jonk gréng aktiv a gouf, no der Demissioun vun der Françoise Folmer am Juni 2018, zesumme mam Claude Turmes als Spëtzekandidatin vun Déi Gréng am Nord-Bezierk fir d'Chamberwalen 2018 virgestallt[5]. Si gouf net direkt an d'Chamber gewielt, ass awer ‘nogeréckelt’ nodeem de Claude Turmes an d'Regierung genannt gouf[6]. Si huet hiert Mandat bis un d'Enn vun der Chambersessioun 2022-23 ausgefëllt.
Zanter Oktober 2024 ass si, zesumme mam François Benoy, Ko-Presidentin vun deene Gréngen.[7]
Sportlerin
[änneren | Quelltext änneren]Scho mat 6 Joer huet d'Stéphanie Empain sech fir d'Liichtathleetik intresséiert a si war ënner anerem an der Spora als Sprinterin aktiv. Si huet mat 19 Joer mam Sport opgehalen, fir sech ëm hire Studium ze këmmeren[8].
Den 1. Dezember 2018 gouf si als nei Presidentin vun der Liichtathleetiksfederatioun gewielt an huet domat d'Successioun vum Claude Haagen iwwerholl[9].
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Stéphanie Majerus: " 'Méi wéi just Planzen a Müsli'. " D'Lëtzebuerger Land, 25.10.2024, S.5 (Portrait).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- VIDEO: E Portrait vum Stéphanie Empain - Op eemol Spëtzekandidatin op rtl.lu den 20. Juni 2018
Referenzen an Notten
[änneren | Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Bamboo and Cotton, Stéphanie Empain A40499 am Handelsregëster op lbr.lu, fir d'lescht gekuckt den 3. Dezember 2018
- ↑ 2,0 2,1 Grüne stellen Wahlslogan vor - Wahlprogramm soll Ende des Monats verabschiedet werden op journal.lu den 18. Juni 2018, fir d'lescht gekuckt den 3. Dezember 2018
- ↑ Déi Gréng setzen im Norden auf Turmes und Empain op lessentiel de 7. Juni 2018, fir d'lescht gekuckt den 3. Dezember 2018
- ↑ Workshop Stoffwindeln op ouni.lu, fir d'lescht gekuckt den 3. Dezember 2018
- ↑ Stéphanie Empain pour remplacer Françoise Folmer op paperjam.lu de 7. Juni 2018, fir d'lescht gekuckt den 3. Dezember 2018
- ↑ Déi Gréng: Grünes Licht für Blau-Rot-Grün op wort.lu de 4. Dezember 2018, fir d'lescht gekuckt de 5. Dezember 2018
- ↑ Anne Wolff: "Stéphanie Empain a François Benoy: D'Partei erëm "op al Stäerkt bréngen"." rtl.lu, 12.10.2024.
- ↑ Marie-Paule Thoma, „Gemeinsam mit den Vereinen“ am Tageblatt vum 30. November 2018, gekuckt op PressReader.com den 3. Dezember 2018
- ↑ Empain neue FLA-Präsidentin op wort.lu den 1. Dezember 2018, fir d'lescht gekuckt den 3. Dezember 2018