Orion (Stärebild)
D'Stärebild Orion steet um Himmelsequator an ass an eiser Géigend dat interessantst Stärebild um südlechen Himmel an de Wanterméint. Wärend deene Méint ass den Orion op béiden Deeler vun der Äerd ze gesinn (Nordhalefkugel a Südhalefkugel). Den Orion soll e mytheschen Himmelsjeeër duerstellen.
Date vum Stärebild Orion | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Orion |
Laténgeschen Numm | Orion |
Laténgesche Geenitiv | Orionis |
Laténgesch Ofkierzung | (Ori) |
Positioun | um Himmelsequator |
Rektaszensioun | 4h 45m bis 6h 25m |
Deklinatioun | -10° 58' bis +22° 52' |
Fläch | 594 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breedegraden | 85° Nord bis 75° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Wanter |
Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
8 |
Hellste Stär, Gréisst |
Rigel (β Orionis), 0,12m |
Meteorstréim | Orioniden Chi-Orioniden |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Gemini Taurus Eridanus Lepus Monoceros |
Orion ass de laténgeschen Numm. An der Astronomie ass seng Ofkierzung Ori
Stären am Stärebild Orion
ännerenB | F | Numm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
β | 19 | Rigel | 0,12m | 773 | B8 Ia |
α | 58 | Betelgeuse, Betelgeuze, Beteigeuze | 0,3 bis 0,9m | 428 | M2 Ib |
γ | 24 | Bellatrix | 1,64m | 243 | B2 III |
ε | 46 | Alnilam | 1,69m | 1342 | B0 Ia |
ζ | 50 | Alnitak | 1,74m | 818 | O9.5 Ib |
κ | 53 | Saiph | 2,07m | 722 | B0.5 !a |
δ | 34 | Mintaka | 2,20 bis 2,35m | 916 | O9.5 II |
ι | 44 | Nair-al-Saif, Hatysa | 2,75m | 1326 | O9 III |
π³ | 1 | Tabit | 3,19m | 26 | F6 V |
η | 28 | 3,35m | 901 | B1 V + B2 | |
λ | 39 | Heka, Meissa | 3,39m | 1056 | O |
τ | 20 | 3,59m | 555 | B5 III | |
π4 | 3 | 3,68m | 1259 | B2 III SB | |
π5 | 8 | 3,71m | 1342 | B2 III SB | |
σ | 48 | 3,77m | 1149 | O9.5 V | |
ο2 | 9 | 4,06m | 169 | K2 III | |
φ2 | 40 | 4,09m | 116 | G8 III-IV | |
μ | 61 | 4,12m | 152 | Am | |
e | 29 | 4,13m | 174 | G8 III | |
A | 32 | 4,20m | 289 | B5 V | |
π2 | 2 | 4,35m | 194 | A1 Vn | |
φ1 | 37 | 4,39m | 985 | B0 IV | |
χ1 | 54 | 4,39m | 28 | G0 V | |
ν | 67 | 4,42m | 535 | B3 IV | |
ξ | 70 | 4,45m | 635 | B3 IV | |
ρ1 | 17 | 4,46m | 344 | K3 III | |
π6 | 10 | 4,47m | 954 | K2 II | |
ω | 47 | 4,50m | 1623 | B3 IIIe | |
HR 2113 | 4,53m | 3978 | K2 III | ||
c | 42 | 4,58m | 786 | B2 III | |
ψ2 | 30 | 4,59m | 1418 | B2 IV | |
υ | 36 | Thabit | 4,62m | 1546 | B0 V |
χ2 | 62 | 4,64m | B2 Ia | ||
π1 | 7 | 4,64m | 121 | A0 V | |
11 | 4,65m | 400 | A0p Si | ||
31 | 4,71m | 456 | K5 III | ||
ο1 | 4 | 4,71m | 542 | M3 | |
22 | 4,72m | 1 289 | B2IV-V | ||
56 | 4,76m | 1113 | K2IIvar | ||
49m | 4,77 | 154 | A4V | ||
HR 1887 | 4,78m | 1 864 | B0.5V | ||
15 | 4,81m | 319 | F2IV | ||
ψ1 | 4,89m | 1110 | B1V:pe | ||
51 | 4,90m | 302 | K1III | ||
4,91m | 507 | M1III | |||
HR 1952 | 4,95m | 2091 | B2IV-V | ||
69 | 4,95m | 775 | B5Vn | ||
23 | 4,99m | 962 | B1V | ||
74 | 5,04m | 64 | F5IV-V | ||
27 | 5,07m | 172 | K0III | ||
θ2 | 5,08m | O9.5Vpe | |||
θ1 | Trapez | 5,13m | 1897 | O6p | |
64 | 5,14m | 1070 | B8V | ||
HR 1684 | 5,18m | 321 | K5III | ||
6 | 5,18m | 241 | A3V | ||
71 | 5,20m | 69 | F6V | ||
60 | 5,21m | 367 | A1Vs | ||
45 | 5,24m | 371 | F0III | ||
52 | 5,26m | 480 | A5V | ||
38 | 5,32m | 345 | A2V | ||
5 | 5,33m | 638 | M1III | ||
HR 1571 | 5,33m | 441 | K1III | ||
14 | 5,33m | 194 | Am | ||
72 | 5,34m | 480 | B7V | ||
21 | 5,34m | 198 | F5IIvar | ||
HR 1861 | 5,34m | 2 569 | B1IV | ||
HR 1519 | 5,35m | 267 | Am | ||
HR 1868 | 5,36m | 1853 | B1V | ||
55 | 5,36m | 1681 | B2IV-V | ||
75 | 5,39m | 254 | A2V | ||
HR 1507 | 5,39m | 157 | F0V | ||
U | 5,40m | 2146 | M6e-M9.5e | ||
16 | 5,43m | 176 | A2m | ||
73 | 5,44m | 1400 | B9II-III | ||
33 | 5,46m | 1568 | B1.5V | ||
HR 1709 | 5,50m | 599 | K4III |
D'Bellatrix (γ Orionis), deen drëtthellste Stär am Orion, ass e bloe liichtende Stär op 243 Liichtjoer Distanz. Hien huet déi 4.000fach Liichtkraaft vun eiser Sonn.
Den Numm Bellatrix ass laténgesch a bedeit „Krichsfra“.
Den ε Orionis, de mëttelse vun de Ceinturestären, ass 1342 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass e blowäissen Iwwerris. Den Numm Alnilam ass vun alarabeschen Urspronk a bedeit „Pärelschnouer“.
System | Gréisst | Abstand |
---|---|---|
β | 0,3 /6,8/6,8m | 9,8" |
θ¹ | 5,1 / 6,4 / 6,6 / 8,0m | 20,4" |
ι | 2,8 / 6,9m | 11,3" |
λ | 3,6 / 5,5m | 4,4" |
De Rigel (β Orionis) ass trotz senger Distanz vu 770 Liichtjoer de siwenthellste Stär um Nuetshimmel. Et handelt sech ëm een Duebelstäresystem. Den Haaptstär ass e bloe Ris mat der 17facher Mass, dem 60fachen Duerchmiesser an der 40.000facher Liichtkraaft vun eiser Sonn. Hien ass domat e vun de liichtkräftegste Stären aus eiser Mëllechstrooss. Am Teleskop kann een e Begleetstär vun der 6. Gréissteklass gesinn. Den alarabeschen Numm Rigel leet sech of vum „de lénkse Fouss“.
Den ζ Orionis, de lénkse Ceinturstär, ass en Dräifachstär op enger Distanz vun 817 Liichtjoer. En huet e Begleetstär vun der 4. Gréissteklasse. Den arabeschen Numm Alnitak bedeit „Ceinture“.
De δ Orionis, de rietse Ceinturestär, ass och en Dräifachstär. D'System ass 916 Liichtjoer ewech.
Verännerlech Stären
ännerenStär | Gréisst | Period | Typ |
---|---|---|---|
α | 0,3 bis 0,9m | 420 Deeg / 6 Jahre | hallefreegelméisseg (SR c) |
δ | 2,20 bis 2,35m | Bedeckungsverännerlechen | |
U | 4,8 bis 12,6m | 372 Deeg | Mira-Stär |
W | 5,9 bis 7,7m | 12 Deeg | hallefreegelméissg |
De Stär Betelgeuse (α Orionis) ass e roudem Iwwerris op enger Distanz vu 428 Liichtjoer. Hien huet ongeféier déi 15fach Mass an de 630fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn. Géif de Stär am Zentrum vun eisem Sonnesystem sinn, géif hie bis iwwer d'Marsbunn ewech stoen. De Betelgeuze ass e Sechsfachstäresystem. Déi fënnef Begleetstäre kënnen awer net am Teleskop gesi ginn. Si sinn nëmme spektroskopesch nozeweisen. Den Haaptstär ass e verännerleche Stär, deem seng Hellegkeet sech iwwer en Zäitraum vu ronn 6 Joer verännert. De Stär ass um Enn vu senger Entwécklung ukomm a wäert méiglecherweis an deenen nächsten 100.000 Joer als Supernova vum Typ II explodéieren.
Den arabeschen Urspronk vum Numm Betelgeuze ass net komplett gekläert. E kënnt sech aus der „Hand vum Mëttleren“ oder der „Achsel vum Mëttleren“ ofleeden.
Messier (M) | NGC | diverses | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
1662 | 6,4m | Oppene Stärekoup | |||
42 | 1976 | 4,0m | Emissiounsniwwel | Orionniwwel | |
43 | 1982 | 9,0m | Emissiounsniwwel | klengen Orionniwwel | |
78 | 2068 | 8,0m | Reflexiounsniwwel | ||
1977 | 7,0m | Reflexiounsniwwel | |||
1980 | 2,5m | Oppene Stärekoup an Niwwel | |||
1981 | 4,2m | Oppene Stärekoup | |||
2024 | diffusen Niwwel | Flamenniwwel | |||
2071 | 8,0m | diffusen Niwwel | |||
IC 434 | Emissiounsniwwel | mat Päerdskappniwwel | |||
2169 | 5,9m | Oppene Stärekoup | |||
2175 | Oppene Stärekoup mat Gasniwwel | ||||
2186 | 8,7m | Oppene Stärekoup | |||
2194 | 8,5m | Oppene Stärekoup |
Den M 42 an den M 43, dee 1400 Liichtjoer wäiten Orionniwwel, ass eent vun deene schéinsten Observatiounsobjete um Nuetshimmel.
En anere bekannten Objet ass eng Stëbswollek, déi sech virun dem Emissiounsniwwel IC 434 ofzeechent a wéinst hirer Form Päerdskappniwwel genannt gëtt. Wéinst der schwaacher Flächenhellegkeet ass den Niwwel och mat Teleskope schwéier ze gesinn. Eréischt laang beliichten astronomesch Fotoe weisen Detailer.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Orion – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Foto vum Stärebild vum Jerry Lodriguss (en)
- Den himmlesche Jeeër vum Christian Pinter (de)