26. Februar
Datum
<< | Februar | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | |||
5 | 6 | 7 | 8 | 9 | 10 | 11 |
12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 | 18 |
19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25 |
26 | 27 | 28 | 29 | |||
2024 |
De 26. Februar ass de 57. Dag vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
änneren- 1815: Den Napoleon leeft fort aus sengem Exil op der Insel Elba.
- 1848: Déi Zweet franséisch Republik gëtt proklaméiert.
- 1936: Déi stäerkst nationalistesch Beweegung a Japan huet mat der Hëllef vun der Kempetai (Militärpolizei) an der 1. Divisioun vun der regulärer Arméi eng Rebellioun ugefaangen, mat dem Zil de Keeser Hirohito vu Japan vun hirer Reformpolitik z'iwwerzeegen.
- 1991: Den Tim Berners-Lee presentéiert WorldWideWeb, den éischte Web Browser.
- 2001: Den Traité vun Nice gëtt vun den EU-Staats- a Regierungscheffen ënnerschriwwen.
- 2003: De Rolandas Paksas gëtt Staatspresident vu Litauen.
Gebuer
änneren-
Wenzel II./IV.
-
Victor Hugo
-
Honoré Daumier
-
Fats Domino
-
Johnny Cash
-
Recep Tayyip Erdoğan
- 1361: Wenzel II. vu Lëtzebuerg, däitsche Kinnek an als Wenzel IV. Kinnek vu Béimen.
- 1786: François Arago, franséische Physiker an Astronom.
- 1794: Hans Daniel Hassenpflug, däitsche Jurist a Staatsmann.
- 1802: Victor Hugo, franséische Schrëftsteller.
- 1808: Honoré Daumier, franséische Moler.
- 1842: Camille Flammarion, franséischen Astronom.
- 1846: Buffalo Bill, amerikanesche Bisonsjeeër a Showman.
- 1880: Kenneth Essex Edgeworth, ireschen Astronom.
- 1881: Albert Calmes, lëtzebuergeschen Historiker an Ekonomist.
- 1888: Marcel Pelletier, lëtzebuergesche Liichtathleet an Olympionik.
- 1899: Max Petitpierre, Schwäizer Politiker.
- 1900: Jean Negulesco, rumänesch-US-amerikanesche Filmregisseur.
- 1902: Jean Bruller, genannt Vercors, franséische Schrëftsteller.
- 1906: Madeleine Carroll, US-amerikanesch-englesch Schauspillerin.
- 1908: Tex Avery, amerikaneschen Zeechner vun Trickfilmer a Regisseur.
- 1908: Lily Unden, lëtzebuergesch Molerin, Schrëftstellerin a Resistenzlerin.
- 1913: Laura Nucci, italieenesch Schauspillerin.
- 1920: Tony Randall, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1924: Paolo Heusch, italieenesche Filmregisseur.
- 1928: Fats Domino, US-amerikanesche Rhythm and Blues-Museker.
- 1931: Henri Serre, franséische Schauspiller.
- 1932: Johnny Cash, US-amerikanesche Sänger.
- 1935: Brigitte Grothum, däitsch Schauspillerin.
- 1937: Val Langehegermann, lëtzebuergesche Sportler.
- 1942: Wolf Gremm, däitsche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1945: Bernard Plossu, franséische Fotograf.
- 1946: Jaecki Schwarz, däitsche Schauspiller.
- 1953: Paul Schmit, lëtzebuergesche Jurist a Member vum Staatsrot.
- 1954: Leon de Winter, hollännesche Schrëftsteller.
- 1954: Recep Tayyip Erdoğan, tierkesche Politiker.
- 1954: Georges Pierret, lëtzebuergeschen Affekot a Member vum Staatsrot.
- 1956: Milan Babić, serbesche Politiker.
- 1958: Michel Houellebecq, franséische Schrëftsteller a Literaturwëssenschaftler.
- 1977: Rainer von Vielen, däitsche Museker.
- 1988: Yannick Back, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
- 1987: Tom Schumacher, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 1998: Kimberly Dos Santos Da Graça, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
Gestuerwen
änneren- 1522: Cuauhtémoc, leschten aztekesche Keeser.
- 1755: Jean Bertholet, lëtzebuergeschen Historiker.
- 1878: Angelo Secchi, italieeneschen Astronom a Jesuitt.
- 1913: Angelo De Gubernatis, italieeneschen Anthropolog.
- 1936: Jean-Pierre Probst, lëtzebuergeschen Affekot an Deputéierten.
- 1969: Karl Jaspers, däitsche Philosoph A Psychiater.
- 1971: Fernandel, franséische Schauspiller.
- 1980: Mario Mattoli, italieenesche Filmregisseur.
- 1985: André Beucler, franséische Filmregisseur an Auteur.
- 1993: Arthur Maria Rabenalt, däitsche Regisseur an Auteur.
- 1998: Vico Torriani, Schwäizer Schlagersänger, Schauspiller an Televisiouns-Moderateur.
- 2004: Boris Trajkovski, mazedonesche President.
- 2005: Pierre Trabaud, franséische Schauspiller.
- 2006: Ferdinand Gilson, franséischen Zaldot.
- 2009: Ben Heyart, lëtzebuergesche Moler.
- 2012: Hazy Osterwald, Schwäizer Museker, Sänger an Dirigent.
- 2013: Marie-Claire Alain, franséisch Organistin.
- 2017: Bill Paxton, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2017: Jean-Louis Le Goff, franséische Schauspiller.
Feierdeeg
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: 26. Februar – Biller, Videoen oder Audiodateien |